Konzertreise nach Kehlen/Bodensee (DEU)
175-jähriges Jubiläum unseres Partnerschaftsvereins "Musikverein Kehlen/Bodensee"
www.mv-kehlen.de
Foto Galerie / Galerie de photos / Fotogallerie / Pictures
Op Aluedung vum Musikverein Kehlen vum Bodensee, war d’Kielener Musek de Weekend vu Nationalfeierdag mat ronn 80 Leit an eis Partnergemeng Meckenbeuren gefuer. De “Musikverein Kehlen” feiert dëst Joer, hieren 175ten Gebuertsdag, mat Festivitéiten iwwert d’ganzt Joer verdeelt.
No enger lëschteger Busrees, si mir Samschtes owes vun eisen däitsche Kollege gutt empfaang gin, a no enger Prouf an der Kierch ass et op d’Junikäferparty gang.
Sonndes Moies stung dunn de “Festgottesdienst” um Programm, wou d’Kielener Musek, zesumme mam Gesanksgrupp Voice’z eng struppevoll Kierch, méi wéi begeschtert huet. Mëttes gung et du weider mam “Jubiläumsumzug”, wou 62 Gruppen a Museken, ronn 1800 Leit, bei méi wéi 34 Grad am Schied, geschweest hunn. Am Nomëtten hunn eis Musikanten dann nach emol missten untrieden, an engem rieseg groussen Zelt. Obwuel déi aaner Museken zweemol méi Leit hate wéi mir, a mir am viraus gemengt hatten, mir géinge mat Glanz a Gloria ënnergoen, war de Publikum vun eis begeeschtert.
Spéitstens deen aaneren Dag, no enger gudder Goulaschzopp, wou d’Heemrees schonn erëm ugesot war, koont ee gesinn, dass déi Partnerschaft net nëmmen um Pabeier fonktionnéiert: hei huet eng oder déi aner Tréin missten gedréchent ginn. Alles an allem war et e lëschtegen, flotten Ausflug fir Jonk an Al. Vun dëser Plaz aus, soe mir der Gemeng Kielen an dem Comité de Jumelage „Villmools Merci“ fir d’Ënnerstëtzung.